Informatiounen fir Clienten
Dir sidd interesséiert fir eng Wunneng zur Verfügung gestallt ze kréien ?
Dann adresséiert Iech w.e.g. un den Office Social an är Demande gëtt opgeholl.
Folgend Piècen musst Dir mat op den Office Social huelen fir, dass ären Dossier kann komplettéiert ginn:
- Eng Kopie vun der Carte d’identité
- Ee Zertifikat „Composition de ménage“ vun ärer Gemeng oder iwwer de Portal myguichet.lu
- Fir Awunner wou aus engem net EU Land kommen: eng „Autorisation de séjour“ an eng „Autorisation de travail“
- Zertifikaen vum Akommes vu sämtleche Memberen vum Stoot
- Een Zertifikat dass een net Besëtzer vun enger Immobilie ass (Kritt een am Service des Evaluations Immobilières oder an der Ambassade vum jeeweilege Land fir auslännesch Bierger)
- A Funktioun vun dem Gronn vun der Wunnengs Sich, mussen nach déi entspriechend Dokumenter virleien (Rapporten vun der Inspection sanitaire, Kënnegung’ s Bréif , etc…).